Historique

D'Joeren 2022 - 2025 sin an der Aarbecht.

2021

  • och 2021 ass d'Pandemie nach éen Thema. FLBP huet sech géint éen Championnat ausgeschwat.
  • 05.06.2021 'Nuit des Sports'
  • 26.06.2021 internen 'Tête à Tête' Tournoi
  • 21.an 22.08.2021 internen Tournoi fir Doublettes
  • am August a September hu mir verschidden Frëndschaftsmatcher gespillt.
  • an der Coupe de Luxembourg war et an der 1/8 Finall riwwer fir eis.

2020

2019

  • 5. Interne Bullemoien
    • Trotz schlechtem Wieder, et huet den hallwen Dag gereent an verschidden Terraine  stoungen ënner Waasser, hu 45 Memberen drun deel geholl. Net zu lescht huet déi gutt Pasta vum Nunzi an deen een an aneren Patt Wäin zur gudder Laun bäigedroen.

      Net ze vergiesse stoung deen Dag ënnert dem Motto vun ‘‘Televie 2019‘‘ an nodeems de Comité déi gespennten Zomm opgerënnt hat konnten 1000 € gezielt ginn.

  • 25.03.2019 Éischt Spillerversammlung wou 22 lizenzéiert Spiller drun Deel geholl hunn
  • 30.05.2019 zweete Stage mam fréieren Nationaltrainer Wiebusch statt fonnt.  Minettsdäpp hunn net schlecht gestaunt wéi déi 20 Käpp héich "Nationalekipp" aus dem Norden aus dem Bus geklommen ass.
  • 7. Saison um Championnat FLBP an der 2 Divisioun. Classement final: 5.Plaatz bei 9 Ekippen punktgläich mat Boule d'or vun Esch.
  • Eng Delegatioun vu Schieren war awer dëst Joer och an de Montenegro bei den Elvir Latic seng Famill an huet dervu profitéiert och Spiller vun de Klenge Länner kucken ze goen an eis Petanquesnationalekipp unzefeieren.

2018

  • 4. Interne Bullemoien (25.02.2018)
  • Assemblée Générale Ordinaire vun der FLBP: Samschdes den 03.März 2018
  • 1.Schnupperdag fir d'Championnatsspiller mam Nationaltrainer Dr.Klaus-Dieter Wiesbusch zu Bieles-Metzerlach
  • 6. Saison um Championnat FLBP an der 2 Divisioun mat 24 lizenzéierte Spiller. Classement final: 9.Plaatz bei 16 Ekippen
  • 6. HIERSCHT-TOURNOI: Samsdes, den 13.Oktober 2018 mat 74 Spiller
    • 1.Plaatz : Marcel Frising mam Diamantino Guerreiro virum Bui va Hung an Ramond Batholme.
  • 7. Assemblée Générale Ordinare: Donneschdes, den 18.Oktober 2018

2017

  • Leider KEEN BULLEMOIEN
  • Assemblée Générale Ordinaire vun der FLBP: Samschdes den 04.März 2017
  • 5. Saison um Championnat FLBP an der 2 Divisioun mat 20 lizenzéierte Spiller
  • 6. Assemblée Générale Ordinare: Sonndes, den 15.Oktober 2017
  • 5. HIERSCHT-TOURNOI: Samsdes, den 21. Oktober 2017 mat 48 Spiller
  • Samsdes, den 21. Oktober 2017 : Aweihung vum Terrain de Pétanque / Parking am Géier zu Schieren mat Eierewäin offréiert vun der Schierener Gemeng

2016

  • Leider KEEN interne BULLEMOIEN
  • Assemblee Generale Ordinalre vun der FLBP: Samschdes, den 05.März 2016
  • Méttwochs, den 23. März 2016: Ufank vun den Terrassementsaarbechten am Géier vun der Firma BAATZ fir den Terrain de Pétanque I Parking
  • 4. Saison um Championnat FLBP an der 2.Divisioun mat 34 lizenséierte Spiller
  • Nom Conge Collectif ass op dem Terrain deen als Stockage fir d'Material vun der CFL genotzt gouf mat de Préparatiounen vun de Fundamenter ugefaang ginn.
  • 4. HIERSCHT-Tournoi Samschdes, den 24. September 2016 mat 35 Spiller
  • eis 5. Assemblée Générale Ordinaire: Donneschdes, den 20.0ktober 2016

2014

  • 2. Interne BULLEMOIEN: Sonndes, den 28. Januar 2014
  • Assemblée Générale Ordinaire vun der FLBP: Samsdes, den 08.März 2014
  • 2. Saison um Championnat FLBP an der 2.Divisioun mat 31 lizenseierte Spiller Classement final: 5 .Plaz bei 8 Ekippen
  • HIERSCHT Toumoi: Samsdes, den 27. September 2014 mat 48 Spillereis
  • 3. Assemblée Générale Ordinaire: Donnesdes, den 16.0ktober 2014

2013

  • éischten interne Bullemoien: Sonndes, den 13.Januar 2013 mat 27 Spiller
  • Samsdes, den 08.März 2013 op der Assemblée Générale Ordinaire vun der Féfératioun sin d'Schierener Bullemettiën als                              17. Pétanquesveräin 'par acclamation' an der FLBP opgeholl gin.
  • am Abrëll 2013 gouf een zweeten Terrain vun der Gemeng Schieren mam SIGR-Norden hannert der Kiirch opgeriicht
  • éischt Saison am Championnat FLBP an der 2. Divisioun mat 20 lizenzéierte Spiller Classement final 13. Plaatz bei 14 Ekippen
  • éischten Hierscht-Tournoi: Samsdes,den 15.Juni 2013 mat 24 Spiller
  • eis 2. Assemblée Générale Ordinaire: Donnesdes, den 17.Oktober 2013

2006 - 2012

Esou huet alles ugefaang.....

An enger Versammlung vum 16.02.2006 haat d'Madame Kemp-Weber Juliette, Member vun der Schierener Kultur- a Sportkommisioun, di formidabel Iddi e Volleksfest am Schouhaff an am Park hannert der Kiirch ze organiséieren, an dat mat engem flotten Bullentournoi.
 
Hier Iddi war och, eppes fir di Schierener Leit ze maachen, domatt se sech méi no kommen fir flott a geselleg Momenter ze verbrengen. z.B. a firwat net, Sonndes mueres no der Mass, sech fir den Apéro, op der Bullepiste treffen, an a gudder Gesellschft e puer Bullen schéissen.
 
D'Memberen vun der Kultur- a Sportkommisioun, d'Hären GARSON Nico a KAYSER Alfred an d'Dammen MICHELS Rose, NEUBERG Evelyne an REITER Christiane woren domadder averstan, an mam Accord vun der Gemeng gouf daat och mat ganz vill Suucès ëmgesat.
 
Am Hierscht 2008 huet d'Gemeng Schieren zesummen mam SIGR - Norden en éischten Pétanqueterrain am schéine Park hannert der Kiirch opgeriicht.
 
Op deenen 3 Volleksfester (2010, 2011 an 2012) huet de fériere Comitésmember BARTHOLME Raymond Pionéieraarbecht geleescht an deems en Tournoi fir d'Schierener Leit mat vill Succès organiséiert gouf.
 
Daat wor dunn am Summer 2012 den Ustouss fir e Pétanqueveräin zu Schieren op d'Been ze stellen.
 
Donneschdes 05.Juli 2012 gouf eng Informatiounsversammlung ofgehalen fir de Schierener Leit de neien Sportsveräin zu Schieren virzestellen.
 
22 Leit woren un der Iddi fir zu Schieren Pétanque ze spillen interesséiert.
 

Den Numm "Schierener Bullemettiën" wor d'Iddi vun eisem Veräinsfrënd MICHELS Marc an eng grouss Majoritéit vun Membre wor domadder averstan e Logo gouf och fond an och Statute konnten opgestallt gin.

Donneschdes, den 13. September 2012 wor d'Grënnungsversammlung am Club House vum TC Schieren. 28 Leit hunn déi proposéiert Statuten guttgeheescht, a woren och d'accord mat der Zesummesetzung vun engem Comité.

Hei d'Nimm vun de Grënnungsleit déi an den Statuten stinn:

  • BARTHOLME Raymond
  • GARSON Carlo
  • GOERENS Romain
  • LATIC Edin
  • LATIC Elvir
  • MICHELS Rose
  • MEYER Fränk
  • MEYER Pol
  • SCHMITZ Jean-Pierre
  • SCHMITZ-NILLES Jessica

No der Grënnungsversammlung vum 13.09.2012 si Méindes, den 17.09.2012 nom Artikel 23 (répartition des charges) vun eise Statuten folgend Chargen an der éischter Comitésversammlung opgedeelt ginn:

Président GOERENS Romain
Vice-Président LATIC Edin
Secrétaire MEYER Pol
Trésorier SCHMITZ-NILLES Jessica
Commission Sportive LATIC Edin
  LATIC Elvir
Commission Technique BARTHOLME Raymond
  SCHMITZ Jean-Pierre
Membres GARSON Carlo
  KEMP Romain
  MICHELS Rose
Réviseurs de Caisse BERTEMES Marcel
  ORIGER Georges

D'Cotisatioun 2012 fir d'Grënnungsmemberen 20.-€

Den 19.September 2012 gouf eng 'Demande d'admission provisoire' un d'Fédératioun gemeet an den 27.September 2012 hun d'Memberes vum Conseil d'administration vun der FLBP eis Demande approuvéiert.

Donnesdes den 20.September 2012 e 'Schnupper' Frëndschaftsmatch beim Riganelli (Champion de Luxembourg a Coupe FLBP 2012) zu Esch/Alzette gespillt.

Déi éischt Uniformen (T-Shirts a Sweat-Shirts) goufe gesponsert vun der Frima BIHOR (LATIC Edin an LATIC Elvir)

Méindes den 08.Oktober 2012 goufen d'Statute vum Schierener Gemengerot eestëmmeg ugeholl an e 'Startsubside' iwer 500€ gouf accordéiert.

Eis 1. Assemblée Générale Ordinaire Donnesdes, den 18.Oktober 2012 am Club House vum TC Schieren

Seit dem 05.12.2012 gëtt de Veräin offiziell als A.S.B.L am Registre de Commerce et des Sociétés Luxembourg gefouert.

No d'immatriculation: F9370

Eis éischt Sponsoren woren 2012

BIHOR S.à.r.l Schieren

BOIS MATERIAUX WILLY PUTZ S.à.r.l. Schieren

TOITURE MODERNE S.à.r.l. Colmar-Berg